Hallo léif tumblerleit:) mier sin Schüler vun der 14ED2 aus Miersch. Mier hun am Senn vum Peaec's Cour ee Projet opgestallt, wou ma een Klangspill aus Alldaagsmaterialien bastelen fier den Leit aus dem d'Blannenheem ze Miersch eng Freed ze maachen😊 Eisen 2ten Projet as zum Thema "Realität und Fiktion" an besteht aus enger Nostellung vun engem bekannten Videospill, waat dier bestemmt am Laaf vun der Zait rausfannt😉
Don't wanna be here? Send us removal request.
Text
Vue que dadd dei loftwaffen eis ze gefeierlech waren an mier eis net geigensaiteg wéidoen wollten, hun mier eis entscheed den projet emzegestalten. Eis konzept as nach emmer daat selwecht ausser dadd mier elo en Rennen wei bei "Mario Kart" nogespillt hun. Mier hun puer Special Effects benotzt, dei et beim Videospill och gin.
Mier hoffen dadd ierch de Film trotzdem gefällt😊
1 note
·
View note
Photo

Déi éischt Undeitungen un den Mario waren 1981 am Spill : "Donkey Kong" vum Spilldesigner vun Nintendo: Shigeru Miyamoto. Do huet d'Spillfigur nach "Jumpman" geheescht, war Zëmmermann an net Haaptfigur vum Spill. 1982 haat den pummelegen Klempner deen eischten Optrett mam Numm "Mario" am Spill: "Donkey Kong Jr." Den 14. Juli 1983 koum dann den Duerchbroch mat deem eischten Spill waat no him benannt gouf: "Mario Bros." Dobai muss heen wei bei villen vu sengen Spiller, eng weiblech Figur, déi vun engem Monster gefaangen gehaalen gedd, befreien. Ee Fakt, deen eis onbekannt war, ass, dass de Mario an sain Brudder Luigi an der Kanalisatioun vun New York, Roueren, dei vun fiesen Monster an Ongeziefer verstoppt goufen, befreien, vue que dadd sie allen 2 Klempner sin💡🙈 1992 koum déi éischt MARIO KART eraus, déi sech vu Joer zu Joer weiderentweckelt huet an hautdesdaags en beléift Spill bei eis as. 1996 koum daat éischt Mario-Spill an 3D raus, waat eng rieseg Verwandlung war. De Super Mario huet elo an 30 Joer mei wéi 160 Spiller rausbruecht déi insgesamt em dei 250 Milliounen mol verkaaf goufen. (Stand 2013) Domadder huet en et dann och 2008 an d'Guinness World Records Buch gepackt mat 7 Bestmarken, enner aanerem de produktivsten Spieleheld fier den Optrett an 166 Spiller. De Mario soll suguer méi bekannt sin wéi Micky Maus, waat fier eisen Remake en Fierdeel as, well immens vill Leit en kennen😏🎉
1 note
·
View note
Link
Hei as eng sait wou Pro an Kontra zum Thema Videospiller iwwersichtlech ze liesen sin. Bei Kontra as zum Beispill schon den Punkt, dass een den Bezuch zu der Realitéit verléiert.
1 note
·
View note
Video
youtube
Inspireieren geloos hun ma eis vun e puer videoen wéi zum Beispill desen😊 Mier wellen mat eisem projet haaptsächlech mei aal Kanner a Jugendlecher dorop opmierksaam maachen, dass een "Videogames" net nemmen op der Konsol spillen kann mee och an der Realitéit domat Spass kann hun.
0 notes
Photo


Dei Ähnlechkeet as onverkennbar, an soulues kéint kloer sin, vun waat mier en remake maan!😄
1 note
·
View note
Photo


Weider materialien, dei mier fier eisen mini-remake brauchen🤗 (bei der waff handelt et sech em harmlos softairwaffen, wou kleng bullen rausgeschoss gin!)
1 note
·
View note
Photo

Eischt Materialien zesummensichen😊 waat kéint daat wuel sin🤔😅
0 notes
Photo

Brainstorming fier den nächsten Projet.💭 Mier hun eis fier Thema "Realität und Fiktion" entscheed an dozou en Remake vun engem bekannten Videospill ze filmen. Mier verroden awer nach net, em weieent et sech handelt, sou bleiwt et spannend an dier kennt matrooden😄
0 notes
Photo

Dann geet et och schonrem lass mam nächsten Projet.🤗 An 3 Wochen as et schonrem souwäit😱
0 notes
Text
Schlussfolgernd vun eisem Projet, kennen mier soen, dadd et eis wéi och den Leit aus dem Blannenheem gefall huet. Mier kruten vill positiv Reckmeldungen vun den Leit an den Mataarbechter aus dem Blannenheem. Et war interessant mat enger aanerer Institutioun ze schaffen an en neien Beräich kennen ze leieren. Mier hun geleiert, dadd et vill Organisatioun braucht, eppes außerhalb vun der Schoul ze plangen. Et war vill Opwand an mier hun alleguer vill um Projet geschafft, souwuel an der Schoul, wéi och Doheem. Mier wollten greisstendeels mat Alldaagsmaterialien schaffen, waat eis super gelongen as. Dei eenzeg Investitioun waren e puer Schrauwen fier d'Gestell ze befestegen. De Rescht haaten mier all Doheem oder mier hun Materialien wei Fläschen, Fläschendeckelen oder Kronkorken gesammelt. Et war eng nei Erfahrung mat Tumblr ze schaffen, an no der Zait as et eis och mei liischt gefall domat ze schaffen. Mier sin supper zefridden an stolz op eis Leeschtung, déi mier bruecht hun, trotz aaneren Projeten, déi mier nach ze maachen haaten.
1 note
·
View note