bitzatelierbeimcaroline
bitzatelierbeimcaroline
Caroline Prussen
2 posts
Wann dir scho méi laang drun denkt, fir mat bitzen unzefänken oder wann dir Loscht hutt an enger léiwer Ambiance mat aneren zesummen ze bitzen da si dir hei genau richteg.An engem flott ausgeriichte Keller um Senningerbierg géif ech iech gär meng Leidenschaft méi no bréngen. Ech stellen iech 6 Bernina Bitzmaschinen an 2 Overlockmaschinnen zur Verfügung. Eng Schéier an Nolen... braucht dir och net matzebréngen.Bei all Projet wäert ech iech dobäi schreiwen, wéi ee Material dir braucht.
Don't wanna be here? Send us removal request.
bitzatelierbeimcaroline · 6 months ago
Text
Tumblr media Tumblr media
Mir bitzen en Tote bag
Samschdes moies den 1. Mäerz vun 9h30-12h a samschdes moies den 8. Mäerz vun 9h30-12h
Dësen Atelier ass fir Ufänger geduecht. E schicken Tote bag, dee bannen doubléiert ass a wou dir ärer Kreativitéit fräie Laf kënnt loossen; mat enger Täsch virdrop, engem Drockknapp fir zouzemaachen an eventuell souguer eng Bannentäsch.
De Präis vum Atelier ass 75 Euro ouni Material.
De Präis vum Material, deen ech a verschiddene Faarwen hei op Stock hunn ass 30 Euro. Do ass en hallwe Meter vun engem décke Stoff (Canvas, Gabardine...) an en hallwe Meter vun engem dënne Stoff fir bannen (Kotteng, Viskose...) 1,5m Gurtband an en hallwe Meter Vlieseline H250 an och en Drockknapp mat dobäi.
Wann dir äert Material selwer matbrénge wëllt, ass dat och ok.
Fir weider Informatioune stinn ech iech gär zur Verfügung.
Dir kënnt iech bei mir iwwer facebook, instagram oder [email protected] mellen.
Ech freeë mech op iech.
0 notes
bitzatelierbeimcaroline · 6 months ago
Text
Tumblr media Tumblr media
Mir bitzen en Tote bag
Mëttwochs owes den 26. Februar vun 18h30-21h a mëttwochs owes den 5. Mäerz vun 18h30-21h
Dësen Atelier ass fir Ufänger geduecht. E schicken Tote bag, dee bannen doubléiert ass a wou dir ärer Kreativitéit fräie Laf kënnt loossen; mat enger Täsch virdrop, engem Drockknapp fir zouzemaachen an eventuell souguer eng Bannentäsch.
De Präis vum Atelier ass 75 Euro ouni Material.
De Präis vum Material, deen ech a verschiddene Faarfen hei op Stock hunn ass 30 Euro. Do ass en hallwe Meter vun engem décke Stoff (Canvas, Gabardine...) an en hallwe Meter vun engem dënne Stoff fir bannen (Kotteng, Viskose...) 1,5m Gurtband an en hallwe Meter Vlieseline H250 an och en Drockknapp mat dobäi.
Wann dir äert Material selwer matbrénge wëllt, ass dat och ok.
Fir weider Informatioune stinn ech iech gär zur Verfügung.
Dir kënnt iech bei mir iwwer facebook, instagram oder [email protected] mellen.
Ech freeë mech op iech.
1 note · View note